Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
diploméiert Aides-Soignants (w/m/x) fir eis Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht  diploméiert Aides-Soignants (w/m/x) fir CDI 20 – 30 oder 40 Stonnen/Woch .

 

Job description

 

Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter Ekipp ze ginn déi den Optrag huet, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, no deenen mer bei der APEMH schaffen, ze begleeden. Sie an deenen Beräicher ze ënnerstëtzen wou Hëllef gebraucht gëtt, sief dat am Alldag Doheem, bei der Fräizäitgestaltung, beim akafen an/oder bei administrativen Démarchen.

 

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 

Obligatoresch Ufuerderungen



D’Kandidate sollen:

• am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an Autorisation d'exercer sinn

• Beruffserfarung hunn

• Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

• iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

• eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

• déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

• de Führerschäin Klass B hunn

 

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 

 

Mir bidden

• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière C3 CCT-SAS)

 • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit, Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
Informatioun zum Salaire

Carrière C3 CCT-SAS

Jobkategorie
Gesondheet
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploma of Professional Aptitude (DAP)
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
OPTIONELL SPROCHEN
Dës Sproochen sinn nëmmen optional mee ginn als Plus consideréiert.
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn