Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur zu Näidsen
Schlussdatum06/09/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur zu Näidsen, een Aide-soignant oder diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI 20 Stonnen/Woch -fir ab sofort oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten


Betreiung, Fleeg a Begleedung am Alldag vun erwuessene Leit mat enger schwéierer intellektueller Beanträchtegung an/oder enger Méifachbeanträchtegung (Polyhandicap).


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  •  am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/ Autorisation d'exercer sinn (Erzéier, Aide-soignant)

  •  Beruffserfarung hunn

  •  Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  •  iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  •  eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  •  déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  •  de Führerschäin Klass B hunn

 

Wënschenswäert Ufuerderungen


Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.



Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.


Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn