D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hire Service d’Activités de Jour (SAJ 1) am Centre Nossbierg zu Esch:
een Aide-soignant / Educateur (w/m/x), CDI, 24 Stonnen/Woch – fir ab November 2026
een Aide-soignant / Educateur (w/m/x), CDI, 20 Stonnen/Woch – fir ab dem 1. September 2026
een Aide-soignant / Educateur (w/m/x), CDD, 40 Stonnen/Woch, fir eng Dauer vun engem Joer – fir ab September 2026
Wann ee vun dëse Posten Iech interesséiert, zéckt net, eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif asw.).
Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Begleedung an Ënnerstëtzung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
Obligatoresch Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn;
Beruffserfarung hunn;
e Sënn fir Verantwortung hunn, fir en optimalen a professionelle Suivi vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren;
flexibel, motivéiert an initiativ sinn;
eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen;
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen;
am Besëtz vum Führerschäin Klass B sinn.
Wënschenswäert Ufuerderungen
Erfarung an der Begleedung vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
