Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
een diploméierten Erzéier (w/m/x)“ fir HoKa Lampecher Déierenpensioun
Schlussdatum06/09/2026

D’APEMH Formation et Travail, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Déierenpensioun zu Lampech, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir een CDI 40 Stonnen/Woch – ab dem 1 Oktober oder no Ofsprooch.

 

Wann dësen Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).


 Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



 Responsabilitéiten

Är Missiounen sinn:

  • Pädagogesch Begleedung vun den Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung op hirer Aarbechtsplaz a bei allen Tâchen, dei ufalen (Botzen, Fidderen, Kontakt mam Client etc)..

  • flexibel Aarbechtszäiten an och emol de Weekend oder Feierdag schaffen

  • Regelméissegen Austausch an der Équipe an mat dem Responsabel

  • Pädagogesch Berodung an Ënnerstëtzung vum technesche Personal am Aarbechtsalldag

 

Obligatoresch Ufuerderungen:

 D ‘Kandidate sollen:


  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg aus gestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • idealerweis Beruffserfahrung hunn am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung hunn

  • gären an enger Équipe schaffen an Verantwortung kennen iwwerhuelen

  • motivéiert an flexibel sinn

  • Verstoen an schwätzen vun der lëtzebuergescher Sprooch ass obligatoresch. All aner Sprooch e Virdeel

  • de Führerschäin Klass B hunn

  


Mir bidden :

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen (Carrière  C4 CCT-SAS)

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung



Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Limpach
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn