NEW Educateurs diplômés / Agents socio-pédagogiques (M/W/NB) - Maison Relais Groussbus-Wal

Mir siche fir d'Maison Relais Groussbus-Wal : Educateurs diplômés / Agents socio-pédagogiques (M/W/NB) – CDI – 20-30 Stonnen/Woch


D'Maison Relais Groussbus-Wal besteet aus 2 Campussen zu Groussbus a Gréiwels:

  • De Campus Nei Brasilien (Gréiwels) bitt Plaz fir ronn 237 Kanner vun 3 bis 12 Joer a schaaft Raum, wou Léieren, Entwécklung a Gemeinschaft am Fokus stinn.

  • De Campus Schlassgaart (Groussbus) bitt Plaz fir ronn 140 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer gutt equipéiert Raim souwéi eng extern Spillplaz, e multi-sport Terrain an eng Sportshal, fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (diplômé) oder Agent socio-pédagogique (DAP)

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (travail en coupé)

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schreiwen a schwätzen (minimum B2)

  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto


Waat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps partiel
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
20
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Grevels
Catégorie d'emploi
Pédagogue social
minimum requisEducation
Diplôme d'éducateur (14e)
Durée de Travail
Temps partiel
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
Type de Structure
SEA
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Allemand
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Luxembourgeois
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Français
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Sélectionner une option pour postuler