Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fliegeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.
Fir eis Équipe ze verstäerken siche mir eng/een:
HR- an Administrativ Assistent (-in) fir an eisen Personal Bureau
40 Stonne Woch am CDD (12 Méint)
Är Haaptaufgab besteet doran, eisen Departement vun den Ressource Humaines mat diversen, administrativen Tâchen ze ënnerstëtzen.
Är Roll:
Är Responsabilitéiten sinn ënnert anerem :
Administrativ Gestioun vun de Recrutementer
Mataarbecht um Dossier Formation Professionelle Continue
Administrativ Gestioun vun de Präsenzen an den Absencen
Gestioun an Suivi vun den Badgen
All aner administrativ Aarbechten, déi an eisem Departement ufalen
Äre Profil:
Dir hutt Erfarung am Beräich HR
Dir hutt en DT an der Administratioun a Gestioun
Lëtzebuergesch ass ee Muss, grad esou wéi Englesch, Franséisch, an Däitsch
Dir kennt Iech an den üblechen Computer Programmen gutt aus (MS-Office)
Är Qualitéiten:
Frëndlecht an ee gepflegt Optrieden sinn fir Iech selbstverständlech
Dir sidd diskret an dynamesch
Dir kënnt gutt mat Leit ëmgoen
Dir sidd vun Natur aus ganz gewëssenhaft a kënnt Iech gutt konzentréieren
Dir hutt gutt Kommunikatiounsfäegkeeten
Mir bidden:
Modern a spannend Aufgaben
Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung
Sympathescht Team
Attraktiv Sozialleeschtungen
Bei Astellung verlaange mir en Auszoch aus dem Casier (Extrait Casier Judiciaire N°3).
Mir freeën eis op Är Kandidatur!
