NEW Chargé de direction (M/W/NB) – Crèche Kielen
Schlussdatum15/09/2026

Mir siche fir eis néi Crèche zu Kielen en Chargé de direction (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI.

Am Kader vun der Ouverture vun enger neier Crèche siche mir eng dynamesch, kreativ a motivéiert Persoun, déi Loscht op d’Konzeptioun an d’Gestaltung vun dësem neie Projet huet. Hei kanns du deng Equipe zesummestellen a gemeinsam mat dëser di konzeptuell Ëmsetzung vun der Crèche preparéieren.  


Kandidatur kann ee bis de 15. September areschen.


Deng Aufgaben:

  • Garantéiere vun der pädagogescher an organisatorescher Leedung vun der Crèche, fir eng héichwäerteg Betreiung an e reiwungslose Fonctionnement vun der Struktur sécherzestellen

  • Entwéckelen, ëmsetzen a koordinéiere vun innovative pädagogesche Projeten, déi un d'Besoinen an d'Entwécklung vun de Kanner ugepasst sinn

  • Motivéieren a begleede vun de Mataarbechter mam Resultat vun enger professioneller a respektvoller Zesummenaarbecht

  • Stäerke vun enger vertrauensvoller Kommunikatioun a konstruktiver Zesummenaarbecht mat den Elteren

  • Representéiere vun der Struktur géigeniwwer externe Partner an Institutiounen

  • Opbauen, ausbauen a stäerke vun engem aktiven Netzwierk mat Gemengen, Schoulen, sozialen Déngschter an anere lokalen a regionale Partner


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur gradué

  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projet’en

  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden

  • Du hues mindestens 5 Joer Erfarung am erzéieresche Beräich

  • Du kanns selbstänneg schaffen

  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser


Wat dech erwaart:

  • Eng aktiv Ënnerstëtzung beim Organiséiere vun enger neier Struktur 

  • E Schaffe mat a Opstelle vun enger multikultureller a dynamescher Equipe 

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter.innen ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Fixzäitkontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Luxembourg
Jobkategorie
Sozialpedagog
mindestens gefuerdertEducatioun
Bachelor
Erfuerderlech Beruffserfarunga Joren
5 oder méi Joer
Type de Structure
SEA
Durée de Travail
Temps plein
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Franséisch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn