Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Ee motivéierte Responsabel (w/m/x)“ fir eisen Atelier d'Inclusion Professionnelle (AIP) „Gärtnerei“ zu Betten
Schlussdatum20/09/2026

Dir engagéiert Iech fir d'Wäerter vun der APEMH ze vermëttelen, ze vertrieden an ëmzesetzen?


Dir sidd bereet mat un der Weiderentwécklung vun der APEMH ze schaffen, a sicht eng nei berufflech Erausfuerderung?

Dann kann de Poste vum Responsabel wéi fir Iech gemaach sinn.........



Mir sichen

Ee motivéierte Responsabel mat engem DAP am Bereich „Horticulteur/Pépinieriste/Fleuriste/Paysagiste“

fir eisen Atelier d'Inclusion Professionnelle (AIP) „Gärtnerei“



Zu Betten / CDI – Vollzäit

deen als Missiounen huet, an der erweiderter Direktiouns-Ekipp:


  • den Atelier Gärtnerei zu Betten ze gereiren an t‘Arbechten ze koordinéieren,

  • d'Team ze leeden, motivéieren, inspiréieren a stäerken,

  • Prozesser ëmzesetzen a Weiderentwécklung ze erméiglechen,

  • eng qualitativ Zesummenaarbecht mat eise Mataarbechterinnen a Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtigung garantéieren,

  • eng gutt Familljenaarbecht sécher ze stellen,

  • an enker Zesummenaarbecht a gudder Kommunikatioun mat der Direktioun ze schaffen,

  • ee wichtegen Uspriechpartner fir intern an extern Partner, Familljen an aner Professioneller ze sinn,

  • d‘Strategië souwéi d'Wäerter vun der APEMH ëmzesetzen.



Är Talenter:


  • Liichtegkeet am Kontakt mam Klient an mat den Fournisseuren

  • Organisatorisch, kommerziell an administrativ Kompetenzen

  • Dir sidd oppen an proaktiv fir nei Klienten ze sichen



Wann Dir un dëse Missiounen interesséiert sidd, zéckt net Är Kandidatur bis de 20 Sept. 2026 ze schécken!



All berechtegt Kandidatur gëtt analyséiert an den zukünftege Responsabel profitéiert vun engem Plan de Formation a senger neier Funktioun.

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn