NEW Educateur diplômé/ Agent socio-pédagogique (M/W/NB) - Crèche Rammerech

Mir siche fir d'Crèche Rammerech: Educateur diplômé oder Agent socio-pédagogique (M/W/NB) am CDI mat 25-30 Stonnen/ Woch


D’Crèche Rammerech bitt Plaz fir 47 Kanner a verfüügt iwwer 3 gutt equipéiert Raim. Eng Naturspillplaz an eng Spillplaz fërderen d’Beweegung an Entdeckung. An der direkter Noperschaft kënnen och e Fussballsterrain, eng Sportshal an eng Schwämm genotzt ginn – fir eng dynamesch an ofwiesslungsräich Betreiung.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé oder DAP Education

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen (minimum B1)

  • Du hues e Permis B


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps partiel
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
25
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Koetschette
Catégorie d'emploi
Éducation
minimum requisEducation
Diplôme d'éducateur (14e)
Durée de Travail
Temps partiel
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
Type de Structure
SEA
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Français
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Allemand
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Anglais
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Sélectionner une option pour postuler