Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Aide-Educateur (w/m/x) - SEAI Topolino
Schlussdatum27/09/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Topolino" zu Déifferdeng, Aide-Educateur (w/m/x) fir CDI - minimum 20 Stonnen/Woch- fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Den inklusiv Educatiouns- an Betreiungsservice Topolino, hutt als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren. D’Ziel ass et Inklusioun am Alldag ze liewen; zesummen mat den Elteren an engem pluridisziplinären Team.

Als Member vun eisem multidisziplinären Team, wäert Dir fir déi sozialpädagogesch Betreiung vun den Kanner responsabel sinn.

Dir huelt un der Betreiung an Orientéierung vun den Elteren deel.

 

Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eis pluridisziplinär, dynamesch an motivéiert Ékipp ze gin!

 

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Beruffserfahrung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren

  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • Staarken Teamgeescht hunn

  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • De Führerschäin Klass B hunn


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner.

Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
20
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Differdange
Informatioun zum Salaire

Carrière C1 CCT-SAS

Jobkategorie
Bildung & Erzéiung
mindestens gefuerdertEducatioun
Lycée Ofschloss
Erfuerderlech Beruffserfarunga Joren
0 oder méi Joer
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn