Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een diploméiert Erzéier (w/m/x) - Service CARR Sud
Schlussdatum11/10/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service CARR Sud (Centre d’activités, de réadaptation et de rencontre) , een diploméiert Erzéier (w/m/x) – CDI – 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


·         Kanner a Jugendlecher mat intellektueller Beanträchtegung, no der Schoul  a wärend de Vakanzen, an hirem Alldag ze  ënnerstëtzen an ze begleeden.

·         Diversifiéiert  Spill-a Fräizäitaktivitéiten ze  organiséieren.

·         D‘ Kanner an d‘ Jugendlecher an hirer individueller Entwécklung begleeden.

·         Projet mat ausschaffen, déi sech un de Bedürfnisser vun de Kanner a Jugendlecher orientéieren.

·         An engem reegelméissegen a professionellem Austausch mat den Eltere sinn.



Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


·         Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn

·         Beruffserfarung hunn

·         Zouverlässeg sinn

·         D‘ Fäegkeet hunn an engem Team ze schaffen.

·         Kommunikativ a relational Kompetenzen hunn

·         Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

·         Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

·         Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

·         De Führerschäi Klass B hunn

 

 

 

Mir bidden


·         attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

·         en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Ziel vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit, Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn