NEW Educateur diplômé/ gradué (M/W/NB) - Crèche Mäerzeg

Mir siche fir eis Crèche Mäerzeg : Educateur diplômé oder gradué (M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/Woch


D'Crèche Mäerzeg bitt Plaz fir 27 Kanner a leit an enger ländlecher Regioun, déi duerch hir roueg a naturno Lag déi ideal Viraussetzunge fir Fräizäitaktivitéiten an der Natur bitt. Mir bidden e familiärt Ëmfeld a setze grousse Wäert op Elterenpartnerschaft an déi regional Vernetzung. Fir eist dynamescht Team ze verstäerken, siche mir en engagéierten a motivéierte Mataarbechter, dee Loscht huet an enger empathescher Ekipp ze schaffen an d'Kanner mat Freed op hirem Wee ze begleeden.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (diplômé oder gradué)

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen

  • Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
30
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Mertzig
Jobkategorie
Bildung & Erzéiung
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
Erfuerderlech Beruffserfarunga Joren
0 oder méi Joer
Type de Structure
SEA
Durée de Travail
Temps partiel
Type de Contrat
CDI
Emploi
Encadrement
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Franséisch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Englesch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn