Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Service de formation – CPP Betten
Schlussdatum18/10/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service de formation – CPP Betten een diploméierten Erzéier (m/w/x), fir een CDD (Dispens + congé maternité, an eventuell ee congé parental) - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

 


Responsabilitéiten


Begleedung an Ënnerstetzung an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Atelieren schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal. 

 


Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:


  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 

  • Beruffserfarung hunn

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 

  • de Führerschäin Klass B hunn

 

 

Wënschenswäert Ufuerderungen


Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

 


Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

 

 

Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Fixzäitkontrakt
Stonnen pro Woch
20
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn