Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een Mataarbechter am Service Finances (w/m/x) - Zu Betteng/Mess
Schlussdatum18/10/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service Finances zu Betteng/Mess, Een Mataarbechter (m/w/x), fir een CDI – 30 oder 40 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.


Dir sicht eng nei Erausfuerderung?

Dir hutt Loscht, an enger motivéierter Ekipp ze schaffen?

Dir wëllt beim Weiderkomme vum Service mathëllefen?

Da sidd Dir vläicht eisen neie Mataarbechter (f/m/d)!



Haaptmissioun


D’Kohärenz vun den Donnéeë sécherstellen an un de periodeschen Ofschlëss souwéi un der Opstellung vun de Joresofschlëss deelhuelen.



Haaptaufgaben


  • D’Kohärenz, d’Genauegkeet an d’Qualitéit vun den Donnéeë kontrolléieren

  • D’Anhale vun de Comptabilitéitsnormen, de gesetzleche Bestëmmungen an den interne Prozedure garantéieren

  • D’Ofschlossbuchungen duerchféieren: Réckstellungen, Ofschreiwungen, nach ze bezuelend Käschten, viraus verrechent Erléiser, asw.

  • Un der Opstellung vun de ministeriellen Dekonten deelhuelen

  • D’Bilanzkonten ofstëmmen an Ofwäichungen analyséieren

  • Un der Opstellung vu periodeschen a järlechen Ofschlëss deelhuelen

  • Mat externen Auditeuren an interne Servicer zesummeschaffen

  • Zu der kontinuéierlecher Verbesserung vun den Instrumenter, Prozesser an Aarbechtsmethoden bäidroen

               



Gefrote Kompetenzen

Fachlech Kompetenzen


  • Exzellent Kenntnisser an der allgemenger Comptabilitéit

  • Gutt Kenntnisser vun de Comptabilitéits- a Finanzofschlossprozesser

  • Fortgeschratt Beherrschung vu Microsoft Excel

  • Kenntnisser vu Sage BOB 50 si vu Virdeel

  • Fäegkeet, finanziell Analysen duerchzeféieren

  • Kenntnisser vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg si vu Virdeel



Perséinlech Kompetenzen



  • Genauegkeet an e staarkt Organisatiounstalent

  • En analyteschen a syntheetesche Geescht

  • Flexibilitéit an Upassungsfäegkeet

  • Fäegkeet, autonom ze schaffen

  • Fäegkeet, am Team an iwwer verschidde Servicer ewech zesummenzeschaffen

  • Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 





Äre Profil


  • Diplom: Bac +3 am Beräich Comptabilitéit/Finanzen

  • Beruffserfarung: mindestens 5 Joer




Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  •  en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit, Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
Jobkategorie
Administrativ
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn