Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
ee Psycholog (m/w/x) - AIP - Parc Merveilleux zu Bettembourg

D’APEMH géreiert 4 Atelieren fir berufflich Inklusioun (AIP), wou jonk an erwuessen Persounen mat Beanträchtigung eng sennvoll Ausbildung an Arbechtsplaatz kenne fannen.


Mir sichen fir den AIP vum Parc Merveilleux zu Bettembourg ee Psycholog (m/w/x) fir en CDI, 30 Stonnen/Woch, Ufank no Ofsprooch.



Responsabilitéiten


Psychologisch Begleedung an Ënnerstëtzung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Ausbildung- an Aarbechtsstrukture schaffen; durch Enzelgespreicher, Familijenarbecht, psychologisch Testingen, an Begleedung vun den Equippen. Dir schafft an enker Zesummenaarbecht mam techneschen an edukativem Fachpersonal. 




Obligatoresch Ufuerderungen

D’Kandidate sollen:

 

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn 

  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • Dir beherrscht d’lëtzebuergesch Sprooch (schwätzen a verstoen). Kenntnisser am Franséischen an Däitsche sinn e Plus

  • de Führerschäin Klass B hunn



Wënschenswäert Ufuerderungen


Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.




Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


Schéckt eis är komplett Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif, Diplômer, etc.).


Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.


Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
30
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettembourg
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn