D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Housen ee geléierte Kach (w/m/x) fir en CDI (40 Stonnen/Woch), fir direkt oder no Ofsprooch. An eiser Kichen zu Housen preparéiere mir all Dag ronn 500 Menüen, souwuel fir Schoulkanner wéi och fir Zentere fir eeler Leit.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Liewensmëttelversuergung/Stockage
Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Produktion
Uwennung a Kontroll vun Gesondheets- a Sécherheetsnormen
Mat enger Ekipp vun Leit zesummen schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn
Obligatoresch Ufuerderungen
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn
Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Wënschenswäert Ufuerderungen
Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
