NEW Educateur diplomé / gradué (M/W/NB) - Familljenbegleedung (Stad Lëtzebuerg)

Mir siche fir eise Service Familljenbegleedung (Assistance familiale & Placement familial) an der Stad Lëtzebuerg en Educateur diplômé oder gradué (m/w/d) am CDI mat 32-40 Stonnen/Woch.


Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoinen vu Kanner, Jugendlechen a Familljen.


Deng Aufgaben:

Du intervenéiers am Doheem vun de Familljen a Fleegefamilljen, fir Kanner, Elteren a Fleegeeltere mat enger pädagogescher Ënnerstëtzung a Schutzdynamik ze begleeden: 

  • Eng individuell pädagogesch Begleedung fir Kanner a Jugendlecher assuréieren

  • Elteren a Fleegeelteren an der Ausübung vun hirer Eltereverantwortung ënnerstëtzen

  • Aktivitéiten an Ënnerstëtzungsmoossnamen ëmsetzen déi Autonomie, Sozialiséierung a Wuelbefanne vum Kand fërderen

  • Familljesituatioune observéieren an analyséieren

  • Un Teamréuniounen an Austauschsëtzunge mat externe Partner (Schoulen, sozial Servicer, asw) deelhuelen

  • Interventiounsrapporte a schrëftlech Dokumentatioun ausschaffen


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé oder gradué

  • Du hues minimum 5 Joer Beruffserfarung an engem änleche Posten

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (weekend, soirée, coupé.)

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch schwätzen (minimum C1), all aner Sprooch ass vu Virdeel

  • Du hues de Permis B an en Auto


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps plein
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
32
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Luxembourg
Informations sur les salaires

Karriär C4 oder C6 (laut CCT SAS)

Catégorie d'emploi
Pédagogue social
minimum requisEducation
Diplôme d'éducateur (14e)
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
Durée de Travail
Temps plein
Type de Structure
AEF
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Français
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Allemand
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Anglais
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Sélectionner une option pour postuler