Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
een Chauffeur-Livreur (w/m/x) – fir hiren Atelieren zu Betten
Schlussdatum01/11/2026

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelieren zu Betten, een Chauffeur-Livreur (w/m/x)  fir een CDI 20 - 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Als Member vun engem inklusiven Team sinn Är Missiounen :

  • Liwwerung an/oder Ofhuele vun de Wueren a Produkter vun der APEMH op virdéfinéierten Touren, am strikte Respekt vun de Sécherheets‑ an Hygièneprotokoller an Regelen.

  • Kontroll an den Ënnerhalt vum Gefier (Propretéit, Flëssegskeetsniveauen, Meldung vun Onreegelméissegkeeten) garantéieren




Obligatoresch Ufuerderungen

Dir sollt Folgendes als Viraussetzung matbréngen:



  • gutt Kenntnis vum lokale geographesche Secteur oder d’Fäegkeet, sech séier doranner z’orientéieren.

  • de Führerschäin Klass B an C hunn, de Besëtz vum Code 95 ass e Virdeel

  • Fäegkeet, selbststänneg ze schaffen an dobäi d’Tournéeën, d’Prozeduren an d’Auerzäiten anzehalen.

  • Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten hunn

  • Sënn fir Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Zesummenaarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • Pünktlechkeet, Gewëssenhaftigkeit, Zouverlässegkeet an d’Anhale vun Engagementer a Vertraulechkeet.

  • proppert a gepfleegt Optrieden an e gudde Clientsservice.

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen an schreiwen kennen



Wënschenswäert Ufuerderungen


Beruffserfarung ass vu Virdeel.




Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit, Vollzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
40
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettange-sur-Mess
Postleitzuel
4976
Strooss
10 rue du Château
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn