Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
een geléierten Schlässer (w/m/x) – AIP Bettembourg
Schlussdatum01/11/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Ateliers fir Inklusiv Arbecht zu Bettembourg, een geléierten Schlesser fir ee CDD (remplacement congé parental) 20 Stonnen/Woch, ab dem 04.01.2027.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Responsabilitéiten


Mat engem Grupp vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an Ärer Beruffsbranch schaffen.



Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen:

 

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom DAP an der Schlesserei sinn 

  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen 

  • eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen

  • déi lëtzebuergesch Sproch (verstoen an schwätzen) beherrschen.  franséisch an /oder däitsch Sprooch sin vu Firdeel

  • de Führerschäin Klass B hunn.



Mir bidden


  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mam Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung


Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Fixzäitkontrakt
Stonnen pro Woch
20
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Bettembourg
mindestens gefuerdertEducatioun
CAP, BEP ou equivalent
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn