D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir direkt oder no Ofsprooch fir de Centre de Ressources INCLUSO, ee pedagogesche Beroder fir een CDD vun 20-25 Stonnen (congé maternité a parental ze ersetzen)
Den Posten ass an der Bachelor-Carrière C6 oder Master-Carrière C7.
Mir géingen eis freeë, fir an eist Team dierfe wëllkomm ze heeschen: Eng Persoun, déi Loscht an Interesse huet, am Beräich vun der pedagogescher Berodung a Weiderbildung vu professionellen Teams/ Erwuessenen ze schaffen.
Responsabilitéiten :
Beroden, Begleeden an Ënnerstëtze vu Services d’éducation et d’accueil SEA (Maison Relais, Crèche, Foyer de jour) an der pedagogescher Ëmsetzung vun Inklusioun am Alldag.
Entwécklen, Ausschaffen an Duerchféieren vun vun Formatiounen, Workshops, Sensibiliséierungen
Entwécklung an Ausschaffe vun innovativen a praxisorientéierte Ressourcen/Medie fir d’Equippen.
Ufuerderungen:
am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannte Bachelor oder Master-Diplom sinn
iwwert unerkannte Fäegkeeten an Techniken an der Gespréichsführung, Kommunikatioun a Berodung verfügen.
Kompetenzen an der Erwuessenebildung hunn.
fäeg si viru Publikum ze schwätzen a Gruppen ze animéieren.
Liichtegkeet am redaktionnellen Beraich.
séng Aarbecht gewëssenhaft an eegeverantwortlech organiséiere kënnen, am Respekt vun de Wäerter an de Missioune vum INCLUSO an der APEMH.
iwwert Motivatioun, Eegeninitiativ, Kreativitéit, Kritikfäegkeet, Humor an Equippegeescht verfügen.
intresséiert dru sinn, selwer Neies ze léieren an auszeprobéieren.
déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch beherrschen.
déi gängeg informatesch Programmer (Word, Outlook, PP, Excel) beherrschen.
de Führerschäi Klass B hunn.
Vun Virdeel wier:
Erfarungen am Beräich vun der Inklusioun an der non-formaler Bildung.
Erfarungen am Beräich vun der Kreatioun vun digitale pedagogesche Materialien.
Mir bidden:
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
Méiglechkeet sech an engem dynameschen a kreativen Aarbechtsemfëld anzebréngen an den INCLUSO mat weider ze entwéckelen.
Den Posten ass an der Bachelor-Carrière C6 oder Master-Carrière C7.
