NEW Chargé de direction (M/W/NB) - Familljenhaiser & Comibus

Mir siche fir eis Familljenhaiser an eise Service Comibus, baséiert zu Izeg : Chargé de direction (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch

 

Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoine vu Kanner, Jugendlechen a Familljen, wéi Berodung, Informatioun, Therapie, Formatioun a sozialpädagogesch Ënnerstëtzung. Dorënner falen déi follgend Servicer:  Familljenbegleedung, Haushaltsënnerstëtzung & Garde, Haushaltstraining, Psychologesch Ënnerstëtzung & Therapie.

 

Eise Service Comibus, deen 2022 gegrënnt gouf, huet als Missioun, Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen a Verhalensstéierunge wärend dem Transport an de Schoulbusser individuell ze begleeden an ze ënnerstëtzen. (Primärschoul a Lycée)

 

Deng Aufgaben:

D'Leedung vun de Familljenhaiser a vum Comibus ass op 2 Chargés de direction opgedeelt (Chargé(e)s de direction TEAM), mat follgende Missiounen:

  • Du bass zoustänneg fir d'Gestioun a Leedung vun 8 regional Familljenhaiser (106 Mataarbechter.innen) a vum Service Comibus (97 Mataarbeschter.innen)

  • Du encadréiers pluridisziplinär Ekippen a fërders d‘Zesummenaarbecht an d’Kompetenzentwécklung

  • Du begleets a steiers d’Ëmsetzung vun der Selbstorganisatioun & Autogestioun an de Familljenhaiser

  • Du engagéiers dech an der Entwécklung a Koordinatioun vu pädagogesche Projeten déi de Besoine vun de Familljen an den Erausfuerderunge vun haut a muer entspriechen

  • Du vertrieds d’Familljenhaiser no baussen a fërders eng sënnvoll Zesummenaarbecht mat internen an externe Partner

  • Du schaffs enk mat den Ekippen aus der Administration Centrale zesummen (Generalddirektioun, Services Généraux, Ressources Humaines, Compta, IT, etc.)


Däi Profil:

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (minimum Bachelor) am sozio-educative Beräich

  • Mindestens 10 Joer Beruffserfarung am Beräich “Aide à l’Enfance et à la Famille”

  • Mindestens 5 Joer Beruffserfarung an der Leedung vu pluridisziplinären Ekippen

  • Gutt Kenntnisser vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg

  • D’Fäegkeet, Ekippen ze begleeden an ze ënnerstëtzen, déi selbstorganiséiert an eegestänneg schaffen

  • D’Fäegkeet vernetzt ze schaffen (intern & extern)

  • Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen. All aner Sprooch ass vu Virdeel

 

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’Enfance et à la Famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Détails
Type d'emploi
Temps plein
Type de contrat
Contrat à durée indéterminée
Heures par semaine
40
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Itzig
Code postal
L-5955
Rue
rue de Contern
Numéro
20
Informations sur les salaires

Karriär C6 oder C7 (laut CCT SAS)

Catégorie d'emploi
Pédagogue social
minimum requisEducation
Bachelor
Emploi
Encadrement
Type de Contrat
CDI
Durée de Travail
Temps plein
Type de Structure
AEF
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Allemand
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Français
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Luxembourgeois
LireC1 Autonome
ÉcrireC1 Autonome
ParlerC1 Autonome
Anglais
LireB2 Avancé/indépendant
ÉcrireB2 Avancé/indépendant
ParlerB2 Avancé/indépendant
Sélectionner une option pour postuler