D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht motivéiert polyvalent Mataarbechter (m/w/d) fir verschidde Posten am Atelier zu Housen.
Mir sichen Verstärkung an de Beräicher:
• Wäscherei
• Botzequipe
• Gärtnerei
Karriär C1 – CDD bis den 31.12.2026 – 40 Stonnen d’Woch – fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann des Posten hei ënnendrënner Iech interesséieren, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
D'Kandidate sollen:
motivéiert sinn, fir autonom, organiséiert an polyvalent ze schaffen
motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen
Verantwortung iwwerhuelen kennen
D'Lëtzebuergesch Sprooch ass eng Noutwendegkeet, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
