Bienvenue
Vous êtes en train de commencer votre processus de candidature pour:
Job d'étudiant été 2026
Voir plus d'offres d'emploi
Cliquez pour découvrir plus d'opportunités d'emploi
Job d'étudiant été 2026

MIR SICHE STUDENTEN*INNE FIR D‘SUMMERVAKANZ! ☀️

 

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) sicht motivéiert Studenten*inne fir déi beschten Zäit vum Joer: de Summer!☀️🕶️ Mell Dech gär wann s Du déi richteg Persoun bass: ⬇️

 

Deng Missiounen:

  • Ënnerstëtz eis Ekippen „Luxembourg Jackets – Ask me“ an „Information Desks and Hospitality“: Als mobil Touristeninformatioun an am Bureau d’Accueil um Knuedler beäntwers Du all méiglech Froen a begleets Visiteuren an Awunner duerch d‘Summersaison. Typesch Froe sinn zum Beispill „Wou ass de Panoramalift?“, „Wou sinn d’Bock-Kasematten?“ oder och nach „Wou ginn et déi beschte lëtzebuergesch Spezialitéiten?“.

 

Däi Profil:

  • Schüler*in oder Student*in mat enger gülteger Schülerkaart/Studentekaart (18-27 Joer al).

  • Kënneg an der Stad: Du bass passionéiert fir déi iwwer 1.000 Joer al Geschicht vun der Stad. Wou déi nächst Velo’h Statioun ass weess Du natierlech och! 🚲

  • Affinitéit a verschidde Sproochen: Du bass fléissend am Franséischen, Däitschen, Engleschen a Lëtzebuergeschen.

  • Oppen a flexibel: Du gees op d'Leit duer a schaffs gär mat Dengen Aarbechtskolleegen zesummen nom Motto „Teamwork makes the dream work.“ Ausserdeem adaptéiers Du Dech séier un nei Situatiounen.

 

Déi beschte Grënn fir bei den LCTO ze kommen:

  • Interaktiven, oppene Kontakt mat den „Awunner op Zäit“: Belsch, Däitschland oder USA. Eis Visiteure kommen aus alle Regioune vun der Welt.

  • Frëndschaften: An Dengem Studentenjob léiers Du aner Lëtzebuerger Studente kennen.

  • Vilfalt a Beweegung: Däin Alldag ass ni den nämmlechten, egal ob s Du am Bureau d'Accueil schaffs oder op de verschidden touristesche Plazen an der Stad.

  • Besser Sproochekenntnisser: „Wéi seet een nach méi Festungsmaueren op Englesch?“ No Dengem Studentenjob bass Du nach méi fléissend an Denge Sproochen. 🗣️

  • Stater Expert: Beim nächste Besuch vu Frënn oder Famill kanns Du mat Dengem neie Wësse punkten. ✅

 

Deng Demande:

  • Deng Disponibilitéiten (4 méiglech Perioden):

    • 10.06.26 – 10.07.26,

    • 09.07.26 - 07.08.26,

    • 06.08.26 – 06.09.26,

    • 06.08.26 – 13.09.26.

  • Deadline: 20.03.2026

 

Ënnerstëtz eis an eiser Missioun, de Visiteuren an Awunner en onvergiesslechen an aktive Summer an eiser Stad unzebidden. Mir freeën eis elo schonn, Dech kennen ze léieren! ☀️😃


 

Détails
Type d'emploi
Job étudiant
Type de contrat
Contrat de travail étudiant
Heures par semaine
40
Localisation
Pays
Luxembourg
Ville
Luxembourg
Catégorie d'emploi
Voyage & Tourisme
LANGUES OBLIGATOIRES
Pour être pris en considération pour ce job, il est essentiel que vous ayez des connaissances dans les langues suivantes
Luxembourgeois
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Français
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Allemand
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Anglais
LireB1 Niveau seuil
ÉcrireB1 Niveau seuil
ParlerB1 Niveau seuil
Sélectionner une option pour postuler
Remplir manuellement
Postuler avec Indeed
Déjà utilisé skeeled?
Postuler plus tard
Powered by