Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
Een diploméierten Erzéier / Aide -soignant (w/m/x) – Springer Posten - Haus Roude Fiels 1&2 zu Esch/Alzette
Dir hutt 11D an 23St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 21/06/2026
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een diploméierten Erzéier / Aide -soignant (w/m/x) – Springer Posten - Haus Roude Fiels 1&2 zu Esch/Alzette
Schlussdatum21/06/2026

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Haus Roude Fiels 1&2, um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht, een diploméierten Erzéier/Aide soignant (w/m/x) fir een CDI 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

 

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).

 

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrat vum Casier judiciaire gefrot.

 



Responsabilitéiten

 

Är Missiounen bestinn dorauser Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung am Kader Wunnen an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen.

 

Spezifesch um Springer Posten ass dat de Springer an 4 verschidden Haiser intervenéiert am Fall wou Personal ausfält. An der Haaptsaach fänkt hien Fréi- an Mëttes Schichten  op. Wann keng Schichten ze iwwerhuele sinn schafft de Springer Dages Schicht vun Méindes bis Freides an engem vun den 4 Haiser. Zu dem Moment ginn Aktivitéiten am Haus oder ausserhalb mat de Bewunner zesummen organiséiert.

 



Obligatoresch Ufuerderungen:

 

D ‘Kandidate sollen:

 

  • iwwert eng grouss Flexibilitéit, Motivatioun an Eegen Initiativ verfügen

  • Beruffserfahrung hunn

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg aus gestallten oder unerkannten Diplom sinn

  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren

  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen

  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen

  • e Führerschäin Klass B hunn   

 

 

 

Mir bidden :

 

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedingungen

  • en op Vertrauen a Respekt berouend Arbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

 

 

Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
20
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Nossbierg
mindestens gefuerdertEducatioun
Niveau Première
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by skeeled