Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
Job étudiant 2026
Job étudiant 2026

De Schäfferot vun der Gemeng Jonglënster huet decidéiert, fir d'Saison Summer 2026 Studenten anzestellen, fir de Service jardinage z’ënnerstëtzen.


Konditiounen


Ka sech mellen d'Persoun, déi:


  • tëscht 16 an 27 Joer al ass (Gëltegkeet bis zum 27. Gebuertsdag um Dag vum Antrëtt an den Déngscht) ;

  • an enger lëtzebuergescher oder auslännescher Schoul ageschriwwen ass ;

  • déi ganzdaags an enger Schoul ageschriwwen ass oder wou d’Schoulinscriptioun zanter net méi wéi 4 Méint fäerdeg ass ;

  • an der Gemeng Jonglënster ugemellt ass (obligatoresch Konditioun).


Dépôt vun der Kandidatur


  • Date limite : 5. Abrëll 2026

  • D’Kandidate kréie spéitstens den 30. Abrëll 2026 eng Äntwert.

  • D'Plaze ginn ënnert all den Demanden, déi fristgerecht agereecht goufen, ausgeloust.

  • Onkomplett Demandë ginn net berécksiichtegt.

  • Nëmme Kandidaturen, déi iwwert eis offiziell Internetsäit agereecht ginn, ginn ugeholl. Demanden, déi per E‑Mail oder per Post erakommen, ginn net traitéiert.


Disponibel Perioden (2026)


Tëscht dem 22. Juni 2026 an dem 11. September 2026:


  • 22.06.2026 – 03.07.2026

  • 06.07.2026 – 17.07.2026

  • 20.07.2026 – 31.07.2026

  • 03.08.2026 – 14.08.2026

  • 17.08.2026 – 28.08.2026

  • 31.08.2026 – 11.09.2026


Jonglënster, den 2. Mäerz 2026


De Schäfferot,
Bernard Ries, Buergermeeschter,
Tom Weber, Schäffen,
Gilles Baum, Schäffen.

Detailer
Aarbechtsform
Studentenjob
Stonnen pro Woch
40
Period vum Kontrakt
Wochen
Dauer vum Kontrakt
2
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Junglinster
Jobkategorie
Aner
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
LB
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by