D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht ab den 01.08.2026, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit fir hiert “Uewerkuerer Haus”.
Job description
Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden. Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin, den Erfahrung an Kompetenz huet am pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet.
Fir eng optimal 24/7 – Betreiung ze garantéieren, schaffe mir an engem Schichtsystem.
An dëser Roll sidd Dir méi wéi just Betreier - Dir sidd eng Referenzpersoun. Dir begleet Mënschen an hirem Alldag a suergt dofir, datt hir Stëmm gehéiert gëtt.
Genau an dësem Kader sichen mir een/eng engagéiert Mataarbechter/in den …
Selbstbestëmmung fördert: Dir ënnerstëtzt d‘Bewunner dobäi, hier Wënsch an Entscheedungen auszedrécken an hiere Liewensalldag matzegestalten.
Inklusion realiséiert: Dir baut Brécken fir d’Participatioun um gesellschaftleche Liewen.
Autonom schaffen kann an dobäi verantwortungsbewosst handelt.
E gewëssent Talent fir Organisatioun huet: Dir begleet wichteg Terminer (Dokteren, Verwaltungen, asw).
Fräizäit gestalte kann: Dir plangt a begleeg villsäiteg Aktivitéiten, esouwei Vakanzen
Kreativ ass a Freed drun huet, nei Iddeeën fir d’Begleedung an den Alldag anzebréngen.
Gären am Team schafft an eng positiv Atmosphär matgestalt.
Oppe fir nei Erausfuerderungen ass a flexibel op verschidde Situatioune reagéiere kann.
Iwwer Respekt, Gedold an Empathie verfügt fir mat Leit mat intellektueller Beeinträchtegung zesummen ze schaffen.
Wann Dir Iech vun dëser Beschreiwung ugesprach fillt, da freeë mir eis, vun Iech ze héieren!
Zéckt nët eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Mir bidden
E motivéiert Team, dat Inklusioun liewt.
Eng verantwortungsvoll Roll als Referenzpersoun fir eisen Bewunner.
Ofwiesslungsräich Deeg tëscht Begleedung, Fräizäit an Administratioun.
En op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
