Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
1 Administrative Assistent*in fir eis Marketing & PR Departement 40 Stonne pro Woch am CDI
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
1 Administrative Assistent*in fir eis Marketing & PR Departement 40 Stonne pro Woch am CDI

Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fligeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach.

 

Fir eist Team ze vergréisseren an ze ënnerstëtzen siche mir :

 

1 Administrative Assistent*in fir eis Marketing & PR Departement

40 Stonne pro Woch am CDI

 

Är Roll :

·         Organisatioun vun den administrativen Aarbechten, Koordinatioun an Gestioun vun de Kalennere vum Departement Marketing & PR an der Direktioun

·         Gestioun a Kontroll vun Offeren an Rechnungen

·         Gestioun vun eisen Datebanken

·         Gestioun vun de Fotoen an den Videoen

·         Bestelle vun de Visitëkaarten an dem Bréifpabeier

·         Organisatioun an Duerchféieren vun Visiten an den LAR-Raimlechkeeten

·         Mathëllef a Präsenz bei Foiren zu Lëtzebuerg souwéi an der Groussregioun

·         Mathëllef bei der Organisatioun vun Evenementer

·         Regelméisseg Ënnerstëtzung an der Rezeptioun an am Member-Bureau:

o   Physeschen an telefoneschen Accueil vun Visiteuren, Fournisseuren, etc

o   Betreiung vun de Memberen

o   Gestioun vun den Konferenz Raim

 

Äre Profil :

Dir hutt en Diplom am administrative Beräich (Minimum en DT / Bac) an hutt mindestens 3 Joer Beruffserfarung. Oder Dir hutt eng Beruffserfarung vu mindestens 5 Joer an engem änleche Beräich.

Dir hutt fléissend Sprooch Kenntnisser an den offiziellen Sproochen vun Lëtzebuerg an och am Engleschen.

Dir kënnt gutt mat de gängege Computer Programmer ëmgoen

 

Äre Qualitéiten :

Selbstänneg, responsabel, organiséiert an konzentréiert

Flexibilitéit an Dynamik, wéi och Teamgeescht

Diskretioun a Loyalitéit sinn Iech wichteg

Den Ëmgang mat Mënschen aus verschiddenen Beräicher a Kulturen fält Iech liicht

 

Mir bidden :

Modern a spannend Aufgaben

Professionellt a multikulturellt Ëmfeld

Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung

Sympathescht Team

Attraktiv Sozialleeschtungen

 

Bei Astellung verlaangen mir en Auszoch aus dem Strof Regëster (Extrait Casier Judiciaire)

 

Wann Dir interesséiert sidd, da schéckt Äre Kandidatur mat enger rezenter Foto iwwert follgende Link: https://app.skeeled.com/s/kyf9gLhc

Detailer
Aarbechtsform
Vollzäit
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Findel
Jobkategorie
Marketing
Employment type
Full-Time
Contract Type
Permanent contract
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Däitsch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Englesch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Lëtzebuergesch
LiesenB1 Mëttelstuf
SchreiwenB1 Mëttelstuf
SchwätzenB1 Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Manuell aginn
Mat Indeed bewerben
Skeeled schonn virdrun benotzt?
Méi spéit bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by