D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher
wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?
Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
Fir eise Wunngrupp, Maison Giisèle et Georges, déi Kanner a Jugendlecher, am Kannerduerf zu Miersch begleet, bidde mir en CDI 100% als Agent éducatif oder Educateur diplômé..
Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktiv anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee zu méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.
Mir freeën eis op Är Kandidatur !
Är Aufgaben
Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen
Wat eis ënnerscheet
Mir investéieren an Är Entwécklung
Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...)
Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen
Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse
Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung
Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung
Strukturéiert Qualitéitsmanagement
Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung
Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung
E professionellen a strukturéierte Kader
Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team
Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen
Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun
Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung
Eng Missioun mat Wierkung
Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen
Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen
E konkrete Bäitrag zu hiren Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen
Äre Profil
Diplomer a fachlech Kompetenzen
Unerkannten Diplom als Éducateur diplômé, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw. Formatiounen
Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten
Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht
Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis
Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche
Führerschäin B
Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel
Konditiounen
CDI 100 %
Remuneratioun laut CCT-SAS (C3 oder C4)
Bestoend extra-legal Virdeeler
Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?
Da freeë mir eis op Är Kandidatur!
Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:
Motivatiounsbréif
Liewenslaf mat Foto
Kopie vum Diplom
Autorisation d'exercer
Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.
