Wëllkomm
Dir sidd am Gaang Äre Bewerbungsprozess unzefänken fir:
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Nidderkuerer Haus
Dir hutt 22D an 0St bis dësen Job zougemaach gëtt
Bewerbungen kënnen erageschéckt ginn bis den 12/07/2026
Méi Jobs uweisen
Klickt fir méi Jobméiglechkeeten
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Nidderkuerer Haus
Schlussdatum12/07/2026

D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht ab den 01.09.2026, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 30 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit fir hiert “Nidderkuerer Haus”.



Job description


Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden. Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin, den Erfahrung an Kompetenz huet am pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet.


Fir eng optimal 24/7 – Betreiung ze garantéieren, schaffe mir an engem Schichtsystem. 


An dëser Roll sidd Dir méi wéi just Betreier - Dir sidd eng Referenzpersoun. Dir begleet Mënschen an hirem Alldag a suergt dofir, datt hir Stëmm gehéiert gëtt.


Genau an dësem Kader sichen mir een/eng engagéiert Mataarbechter/in den …


  • Selbstbestëmmung fördert: Dir ënnerstëtzt d‘Bewunner dobäi, hier Wënsch an Entscheedungen auszedrécken an hiere Liewensalldag matzegestalten.

  • Inklusion realiséiert: Dir baut Brécken fir d’Participatioun um gesellschaftleche Liewen.

  • Autonom schaffen kann an dobäi verantwortungsbewosst handelt.

  • E gewëssent Talent fir Organisatioun huet: Dir begleet wichteg Terminer (Dokteren, Verwaltungen, asw).

  • Fräizäit gestalte kann: Dir plangt a begleeg villsäiteg Aktivitéiten, esouwei Vakanzen

  • Kreativ ass a Freed drun huet, nei Iddeeën fir d’Begleedung an den Alldag anzebréngen.

  • Gären am Team schafft an eng positiv Atmosphär matgestalt.

  • Oppe fir nei Erausfuerderungen ass a flexibel op verschidde Situatioune reagéiere kann.

  • Iwwer Respekt, Gedold an Empathie verfügt fir mat Leit mat intellektueller Beeinträchtegung zesummen ze schaffen.


Wann Dir Iech vun dëser Beschreiwung ugesprach fillt, da freeë mir eis, vun Iech ze héieren!


Zéckt nët eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.



Mir bidden


  • E motivéiert Team, dat Inklusioun liewt.

  • Eng verantwortungsvoll Roll als Referenzpersoun fir eisen Bewunner.

  • Ofwiesslungsräich Deeg tëscht Begleedung, Fräizäit an Administratioun.

  • En op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

  • Attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

 

 

Detailer
Aarbechtsform
Deelzäit
Aart vu Kontrakt
Permanente Kontrakt
Stonnen pro Woch
30
Standuert
Land
Lëtzebuerg
Stad
Nidderkuerer
mindestens gefuerdertEducatioun
Diploméierten Éducateur (14e)
ERFUERDERLECHSPROOCHEN
Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt
Lëtzebuergesch
LiesenC1 Autonomen Niveau
SchreiwenC1 Autonomen Niveau
SchwätzenC1 Autonomen Niveau
Däitsch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Franséisch
LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf
SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf
Wielt eng Optioun fir Iech ze bewerben
Dateschutzrichtlinn
Powered by skeeled